| « Never ending story | Jim tells: A Lloret Story... » |
Roadtrip feat. Jim &Fabienne
15.07.2006
(F) Also schein wor et jo wei mier erweschtsin, bessi Saharafeeling an d’Sonn huet och schon gedreckt. Mee iergerlecherweis hun mier ons sou ruppeg gefillt wei nach nie. Vollgeschweest, mat Mierwaasser ofgewäsch, Deo drop, Sand drop, och d’Hoer eng Meschung aus Sand, Salz an Schwees, an dann beim zrecktrepelen rem geschweest, hmm pescheg, lecker…lo fuere mier grad Richtung Moliet-sur-Plage vir ons endlech duschen ze kenen.
(J) Mier hu fex eis siewen (oder woren et der aacht…?) gepaakt vir op d’Plage ze düsen. Enerwee hu mer eis Feiss nach verbrannt mais dat wor dun och egal.
Eeeeendlech! Mier sin an dat erleisend Mier gesprongen. Elo wore mer no 48 qualvollen Stonnen net mei ruppeg, stenkeg, knaschteg an schweeseg, mais nemmen nach lecker schleimeg an gudd gesalzt. Nodeems mer eis nach e bessen gesonnt hun, ass et nach eng Keier enert eng kaal Dusch gang eier mer ons dun rem an den Auto gesaat hun vir op Hossegor ze fueren. Do hu mer dun mat Entsetzen erausfonnt, dass mer op engem FKK-Strand geland sin an wor deck geschockt! Mais dat huet eis awer dun net dovun ofgehaal an d’Mier ze sprangen an eis vun den Wellen droen ze loossen…
Irgendwann wor et dun Zäit eis op den Wee Richtung Biarritz ze machen. Op der Sich no engem Camping si mer dun nach duerch d’Geigend ronderem Biarritz gefuer bis mer op den Camping “Le Pavillon Royal ****” gestouss sin (nodeems mer nachd’Präisser vun aneren Campingen gecheckt hun). Desen hat einach eng super Laag, an dat wichtegst: Mier konnten endlech richteg duschen! No enger gudder Dusch hu mer den Grill opgeriicht an eis Spiesser an Wirschtercher gegrillt dei mer am Camping-eegenen Supermarché akaaf hun. No engem ganzen Dag Schonkost (Brout mat Paté) hate mer eis dat schliesslech och verdengt. An zum kreinenden Ofschloss vun desem super Dag leien mer grad op der Privatplage vum Camping Musek ze lauschteren an Cider ze drenken, deen d’Fabienne net gudd fent…
3 comments
Ech wollt d'Fotoen nach dobei setzen per edit, mais do klappt eppes net, en seet dass een keen p tag an en p tag dierf setzen. Ech hun alles nogekuckt an neischt fonnt, vleicht wees du jo wat den problem ass. Majo kucken daat dann no Kroatien, mer huelen d'Fotoen awer mat an Kroatien.
Dat mat dar rees vun andorra op barcelona haet ech och keinten erzielen :) dass dat sou unstrengend waer mee bon :)
super geschicht! chu chu