| Mice applications » |
Free has its price
I'm writing this not only because of the recent events on Austrian and other universities that Joel is very enthusiastically engaged in. I had this on my mind for quite some time. So let me just make it clear at this point that this is my personal opinion and not a personal attack against anybody who does not agree with me.
Being a student is frustrating. I should know it, I'm a academic student since 2003 and will probably be for couple more years. Don't get me wrong, I love it, but I can see why so many other students are so much more annoyed by "the system", "reforms", lack of money and motivation on the academic side. The current discussion in Austria among other places is whether is is legal / ethical for the universities to demand a fee from the students. While I agree wholeheartedly with the statement that knowledge should be accessible to anyone, I do not agree with the UN Charta stipulated free access to universities, at least not as is. Of course I also agree that there should be world peace and equally distributed riches. But I also know that's not how our world works, and a bunch of revolutionary students won't change that fact. Purely calculated, most governments could financially bear the load of financing free access universities (not including housing and living costs of the students though). But this would in my mind result in an abolition of academic quality in general.
Another thing I know from being a student is that we sometimes tend to be lazy and like stuff that comes for free. We need lots of motivation, and for me, finishing the university with the best possible grades in the least amount of time is quite motivating when facing the fact that I do not want any longer to be dependent financially of my parents or a student loan that I have to pay back. Bear in mind that I do not accuse any of the students demonstrating now of anything. I'm just saying that in life, most things worth having don't come for free, and people should learn to appreciate that. By now you're probably shouting that me thinking I'm an arrogant snob with too much money (which I can guarantee you I'm not). Of course everybody with the potential should have access to the university. This could be achieved with student loans guaranteed by your respective government. The amount should be adapted to your & your parents financial situation, the university you like to study at and last but not least your grades (I know this is difficult to calculate in on a personal basis). People having finished their studies should then get a personalized plan depending again on their financial situation on how to pay back the loan. Maybe this is exactly what the protesters want and I got them all wrong. Still I don't like their way of showing it, because first of all I think that any protest involving adolescents and missing courses will attract way too many people that just care about this latter matter and think it's cool to go on a strike (man, I do sound like I'm 80). Second, I personally would be really pissed to have my courses boycotted by people whose opinions I do not share.
Sure you can not just allow anything happening to you. And I'm also in favor of young people taking an interest in their own future. My university is comparatively well funded in comparison to other foreign institutions, but I still think that a university is more apt to decide its budget (e.g. by raising fees) than a government (who almost exclusively cuts down budgets to fund for more short term expenditures). Sure it sucks that every couple of years you have to pay more fees. But I much rather have this and a constant quality of education, than governmental cut downs that change with every legislation. To put it plainly: I think the universities should be (at least partially) funded but the people who take advantage of these institutions (i.e. students), who will later on (hopefully) have a better paid job, rather than the general public (by raising taxes for everybody to pay for the education of the few). Then again, what do I know.

13 comments
I agree with most, if not all, of your points though. But what does an old fool like me know?
You and Joel should do a 'blog debate' ... could be interesting.
Vill an onstruktuéiert ("Protestéiren", dh. virun allem Organiséiren an Diskutéiren mescht midd) Punkten:
Et geht net nemmen em Studienbeiträge,(Ween Gebühren bezillt, huet och een Urecht op eppes, waat een bei den Beiträge net huet) déi et momentan an Eisteraisch fir Regelzaitstudéierend esouwiesou net ged. Et geht och em eng allgemeng "Verschoulung" vun der Uni, fir méi Demokratie un den Unien, fir besser Arbeschtsbedengungen fir Leihrend (beseonnesch net-fix Dozenten) an Studéirend an em Glaichberechtegung.
Et geht ennert aanerem och dorems, daat een vill Studienpläng duerch déi ze schnell an oniwerleetend Emstellung op B/M-System quasi net kann an Regelstudienzait studéiren, well et deelweis einfach d'Kapazitéiten net do sinn.
Och vilaischt net onwichteg wann een Eisteraisch-spezifesch kuckt: den Akademikergrad lait ennert dem Durchschnett vun westleche Länner/dem vun der OECD(!) recomandéirtem Undeel. Et ass och politesche Wellen, fir méi Akademiker ze kréien (just eben am beschten fir naischt. Eischt Gemeinsamkeiten.)
Zu den Studienbeiträg am allgemengen:
Et ginn anscheinend Studien déi beweisen daat et fir vill Leit déi sech och mat Hellefen kéinte studéiren, et trotzdem net maachen well déi Perspektiv vun den Studiengebühren/beiträg se ofschreckt. En plus muss de Bedenken daat een och muss kennen wunnen an iessen, waat fir vill Leit och mat engem Prêt einfach net meiglech ass. Also schéin a gudd wann een d'Motivatioun huet an der Regelstudienzait färdeg ze ginn, mä wann een net an eng Prüfung eran kennt well ze vill Leit do sinn an muss "Studiengebühren stroffbezuehlen(Eisteraisch)", dann kann een esou motivéiert gewierscht sinn wéi een wellt.
En plus fannen ech et fragwürdeg, generell de Credo ze hunn, daat een soll esou schnell wéi méiglech studéiren, virun allem an enger Welt, wou esou vill vun Zoustaatzqualifikatiounen an "soft skills" geschwaat ged. Do widderschwätzt sech dach irgendeppes ...
Außerdem: Wiesou net positiv belounen (z.B. e puer Joer stéierlech Virdeeler bei Regelstudienzaitstudéierer oder soss eppes?) Daat géif dach méi uspornen?
Natirlech kéint et méiglech sinn esou en Prêt anzeféiren, mä ech fannen et keng gudd Leisung. Bildung soll frai sinn, fir daat jiddereen déi selwescht Chancen huet. An déi hues de eben net, wann déi eng Leit sech verscholde mussen an déi aaner net. Ausserdem: waat fir een Land vergedd deen? Daat wou ech studéiren oder daat aus dem ech kommen ... ? An waat, wann daat zoustännegt sech weigert an ech awer nemmen an engem bestemmten Land main Draamfach (daat a mengem Heemeschtland och evtl. nach heiß begehrt ass!) ka studéiren an dann awer net méi kann, well ech keen Frick hunn an graad net gudd genuch waar fir een Stipendium?
Menger Meenung sinn Studiengebühren eng Moßnahm déi zu sozialem Onglaichgewicht féiert an Leit ausschleisst.
An Eisteraisch/Daitschland stell(t)en Studiengebühren 1-2% (een bis zwee Prozent) vum Budget vun den Unien. Déi meescht Souen verpuffen quasi direkt duerch den administrativen Opwand.
Punkto "Studieren statt blockieren": 95% vu mengen Vierliesungen sinn an engem Kino um Rand vu Wien (35-40 minuten mat der Ubahn vun héi, meng Uni ass 15 min zu Fouß).
Net wéinst de Besetungen, mä well keng Plaatz do ass.
Ech woe mol ze behaapten daat et an ville Virliesungen déi am Audimax waaren net méiglech waar ordentlech a motivéiert ze studéiren, well et einfach keng Plaatz gouf.
An: d'Virliesungen sinn verlouegt ginn. En plus ginn et all Daach masseweis interessant Virdreeg. Vilaischt ginn et dofir jo och ECTS Punkten? (Mir op der Boku probéiren daat mat eisem selbstbestemmten Virliesungsbetrieb, deen mir an Säll déi sws eidel sinn, ofhaalen, duerchzebrengen!)
Merci fir dain Artikel, ech hunn en interessant fonnt, kann deng Vue novollzéihen, awer net deelen an sinn frou, daats du esou ausgewien geschriwen hues.
Ech fannen wann et schon Prêt'en gin, da sollen se käschtendeckend sin (an engem gewessen Rahmen). Se sollen vun dengem Mammenstaat gedroen gin, fir Fäll wou dat net méiglech ass vun der EU.
Ech sin iwerzeegt (vleicht zu Onrecht) datt een duerch gratis Studien onverhältnisméisseg vill Studienoofbrëch wert kréien, aus den genanntnen Grënn, quite datt d'Leit vleicht an deenen 1-2 Joer déi se dann maachen wertvoll Lektiounen fir d'Liewen léiren (och wann leider fir vill Studenten déi eenzeg Lektioun ass ze wëssen, wéivill Alkohol se kënnen drenken bis se am Koma leien).
Punkto Soft Skills kann ech der aus eegener Erfahrung soen dass de déi zu 99% eréicht am Berfusliewen kriss, net an enger Uni, well déi déis de do léiers der meeschtens vill manner hëllefen wéis de dat eigentlech geduecht haas.
Ech kann awer mat ganz ville vun dengem Punkten sympatiséiren an hun absolut Verständnis dofir, an dofir wënschen ech iech och datt är Aktiounen zum gewënschten Erfolleg féiert!
Ech si frou, dass de dech trotz menger Präsenz iwwerwonne krus dem Charel ze äntwerten ...
Hunn ech dech lo richteg verstan, dass du fënns, dass Studéieren (plus Wunneng, etc) prinzipiell sollt gratis sinn?
Charles: You have to translate tommorow
Nee, hues de net. Ech hu just gesoot, daat Studiengebühren/beiträg net déi enzeg Käschte sinn, déi Studéierend hunn. Verstees du, daat een keng Loscht kann hunn, mat dir ze disktutéiren, wëll een schon no engem Saatz vun dir d'Gefill kritt, dass du endweder a) net liese kanns oder b) engem d'Wierder am Mond verdreins?
Du soos "Bildung soll frai sinn, fir daat jiddereen déi selwescht Chancen huet."
Dat implizéiert, dass opmanst mol d'Uni usech sollt gratis sinn, nee?
An dann soos de nach "En plus muss de Bedenken daat een och muss kennen wunnen an iessen, waat fir vill Leit och mat engem Prêt einfach net meiglech ass."
Wat ass dann do d'Léisung? Ausser déi Saachen och nach vum Staat finanzéieren ze loossen? Well anescht hunn déi Läit jo keng Méiglechkeet fir studéieren ze goen?
Wann dat dozou féiert, datt zevill Leit op der Uni sinn, dann kanns de deem nach emmer mat numerus clausus oder Opnahmeexamen entgéintwierken, wou d'Leit dann no geeschtege Kriterien a net no finanziellen "gefiltert" ginn.
Allgemeng denken ech, datt Bildung nieft Gesondheet, zu den hechste Güter an enger Gesellschaft gehéiert, an datt béides jidderengem gläichermoossen an an hechstméiglecher Qualitéit - fräie Marché hin oder hier - zur Verfügung stoe sollt.
Souwäit ewéi ech et matkritt hunn, geet et bei de Studenteprotester jo och net just em d'Gebühren, mee och em d'Qualitéit vum Studéieren, déi duerch BA/MA ganz iwwel a Matleedenschaft gezu get. Dat ganzt schéngt jo eher op eng "Massenhirstellung vu Fachkräften" erauszelaafen. Während dat an techneschen oder naturwessenschaftleche Fächer jo vläit nach funktionéieren kann, sou absurd ass et an de Geeschtegswessenschaften. Bei mär an der Philo zB laafen d'Profen genau sou Stuerm ewéi d'Studenten, well et absolut onméiglech ass e Philostudium am Kader vun engem Bacherlor-Studiegang emzesetzen. 3 Joer gi knapps duer fir d'Grondlagen, an de straffe Kader erlaabt et kaum, individuell Schwéierpunkter auszeschaffen, wat awer d'Viraussetung vum Philostudium ass.
Alles an allem sinn ech op allefall frou, datt ech gläich fäerdeg sinn a just déi éischt kleng Böhen vum Ba/MA-Desaster materliewt hunn.
D'Studéieren soll einfach radikal fir jidereen (deen den Numerus Clausus packt) gratis ginn? Also vum Staat bezuelt?
A wann d'Studéieren gratis ass, wéi verhënners de dass Läit just studéieren ginn well se soss net wëssen wat se maachen sollen? An et jo gratis ass.
Wat hëlls de dann vum Joel sengem Argument, dass och d'Wunnen fir Studenten etc misst ennerstëtzt, resp. gratis ginn? (A joel, falls dat net ass, wats de gemengt hues, dann kanns de dat jo lo villäicht richteg stellen ...)
Op dir anerer Säit, fannen ech eng Verakademiséierung vun der Gesellschaft awer och net onbedéngt negativ. Eng Massebildung géif natierlech dozou féieren, datt de soziale Status vum "Geléierten" ofhellt. Dat géif wuel dozouféieren, datt déi Berufer och sozial "entwertet" ginn, op dir aner Säit kéint et dozou féieren, datt eng akademesch Lafbunn manner wéinst dem Status a méi aus Iwwerzeegung gewielt get, wat jo gutt ass. A letztendlech, vill gebilde Leit kenne jo awer kaum enger Gesellschaft schueden.
Ech verstin an deem Kontext elo och net ganz, wisou et ennert deenen Emstänn e sozialen Zwang sollt ginn, fir "dobäi ze gehéieren".
Wa mer vun gratis Bildung schwätzen, da muss ee jo awer och bedenken, datt - zumindest an Däitschland - dat an der Vergaangenheet jo awer usazweis bestaan huet (an och an anere Gesellschaften). Dat ass jo elo kee Gesellschaftsexperiment.
Mee ech sinn och dogéint, datt einfach jiddereen no dem Abi soll op eng Uni spadzéiere kennen, 4 Joer Vakanz man, an dann iegendeppes schaffe goen. Dat ass natierlech en zimmlech onverantwortlecht Verhalen, dat net gefördert sollt ginn. D'Kritere sollten awer op allefall am Beräich vum Talent an der Motivatioun leien, a net an der finanzieller Flessegkeet vum Elterenhaus.
Wat d'Sennhaftegkeet vum Bachelor an Natur- a Geeschtegswessenschaften betrefft, ginn ech der awer net Recht.
Ech kann et natierlech net aus der Siicht vum Naturwessenschaftlech beurdeelen, mee ech ka mer awer virstellen, datt een mat engem BA an Chemie oder Informatik beruflech eppes wäertvolles ausübe kann. Wann ech elo bei de Geeschtegswessenschaften d'Extreembeispill huelen, d'Philo, do kanns de beruflech iwwerhaapt näischt man. Fir Philosprof, wous de een zollit Basiswesse muss hunn, ginn 3 Joer absolut net duer, an och fir den akademesche Betrieb net, well eng Spezialiséierung onméiglech ass an deem Zäitrahmen. Fir op de Punkt ze kommen: 3 Joer Philo-Basisstudium sinn total sennlos. Entweder et mecht een do de volle Programm oder guer näischt. Dat selwecht gelt wuel och - wann och vläit net grat sou streng - fir d'Sozialwessenschaften. Dobäi kennt dann nach d'Problematik vum straffen an onflexibelen BA-Kader.
Wat ech einfach schlemm fannen, ass datt een sämtlech Fächer probéiert, an een fixt Konzept ze pressen, an dobäi guer net op d'Ennerscheeder tescht deene Fächer oppasst. De BA/MA mag fir naturwessenschaftlech an technesch Fächer e sennvollt Konzept sinn, mee wisou mussen déi aner Fächer de selwechte Wee goen? D'Ziel war et jo, an Europa d'Diplomer iegendwéi ze vereenheetlechen, wat jo och ganz sennvoll ass, mee dofir muss ee jo awer net d'Fächer vereenheetlechen. Et hätt ee jo kéinten e Konzept fir d'Naturwessenschaften an e Konzept fir d'Geeschtegs- a Sozialwessenschaften ausschaffen.
@Grommel
Ech mengen déi 2 éischt Froen hunn ech scho méi oder manner hei elo beäntwert.
Wat d'Wunne betrefft. Ech denken net, datt et sollt prinzipiell gratis sinn (ausser fir sozial schwaach Leit), mee dat et emmer eng genügent Offer u Studentewunninge sollt ginn, déi och allgemeng bezuelbar sollte sinn (also ausserhalf vum Marché).
Fir Profiteuren oder Sozialschmarotzer fern ze halen, sollt een a reegelméissegen Ofstänn einfach gewesse Leeschtungen erfelle mussen op der Uni. Dofir ass ee jo do.
Mäin Punkt war datt beim beschte Wëllen verschidden Leit einfach net dat geeschtegt Potential zu sou enger Ausbildung hun. Ech ka schlecht beuerteelen wéivill Prozent dat sin, mee dat och net sou wichteg. Ech denken déi Leit gin dann nach méi devaloriséiert an als "blöd oder faul" duergestellt.
Du hues effektiv Recht mat dengem Argument punkto Geeschteswessenschaften, ech hun dat ni sou betruecht.
Jo, Léit/Studéierend déi net genuch finanziell Mettel hunn solle beim Wunnen vun der Allgemengheet ennert Aarm gegraff kréien. Do fannen ech de prêt okay-ish, och wann et net déi idealsten Situatioun ass. Awer besser wéi net kennen ordentlech studéiren, well een nirwebai an prekäre Verhältnisser schaffe muss.
Daat heescht awer net daat alles gratis sinn soll.
Punkto Zougansperren:
Eng allgemeng Saach ass d'Informatioun. Daat fänkt schon an der Primärschoul un, wou bei der Orientierung alles gemaach ged, just net ordentlech informéiert. (Esou hunn ech et ob manst an Erennerung)
Ech denken daat een vill Drock vun den Unien schpon alleng duerch gudd Informatioun vun "future etudiants" kéint huelen. Publizistik ass héi total voll, well se daat all studéiren wellen, mä vilaischt wier et anescht, wann se besser informéiert wieren waat et nach alles interessantes ged?
Daat ass een Punkt deen mengen ech ziemlech vernoléissegt ged, fir deen et roueg een europäescht Konzept kéint ginn, asw.
Zweetens sinn ech der Meenung, daat et méi fair (an dofir och besser fir d'Gesellschaft!) ass, wann jiddereen, deen well an en Diplom huet, deen hien zum Studium berechtegt, et därf probéiren. Et kéint een och villes, wann een déi sougenannt STEPS richteg géif benotzen, amplaatz just KO-Prüfungen ze maachen, an déi richteg Bunnen lenken.
Menger Meenung no ass et awer kloer daat N.C. och eng sozial Grenz duerstellen.
Bologona ass deelweis extrem schlecht emgesaat, de Grondgedanken waar jo net esou schlecht.