Categories: Stories, Eine unbedeutsame Erzählung
Eine unbedeutsame Erzählung II
Follow up to THIS
Weg? Würde dies nicht bedeuten, vor meinen eigenen Taten zu flüchten. Ein wahrlich feiger Akt. Sei's drum, warum soll ich also tagtäglich mit der grausamen Realität konfrontiert werden? Ich bin im allgemeinen kein grosser Fan von Konfrontationen, nicht dass ich ihre zweifelhafte Wirksamkeit anfechte, ich bin einfach der Meinung dass einige Wunden viel Zeit und Raum zur Heilung in Anspruch nehmen.
Mittlerweile erreiche ich den allein von Mondschein belichteten Park, an dem ich schon so viele gedankenversunkene Stunden verbracht habe, dass mich das Gefühle ereilt, ihn wie einen Schwamm ausdrücken zu können. Viele Menschen hassen es, schwierige Entscheidungen zu treffen. Ich mag es, lange Gedankenspielchen zu führen, das eine vom anderen abzuwägen und nach langem Hin und Her zu einem endgültigen Entschluss zu kommen.
Über mir höre ich die nervösen Orientierungsschreie einiger Fledermäuse, welche sich auf einer wilden Insektenjagd befinden. Auch das Zirpen der scheinbar nachtaktiven Grillen entgeht mir nicht, doch gehört dies eher zur Kategorie Hintergrundgeräuche.
Ich lasse mich auf die einsame Bank nieder, und entscheide mich dafür, die Stadt für eine Zeit zu verlassen. Traurig macht es mich schon ein bisschen, doch der Entschluss ist unumgänglich, meine hypothetischen Gedankenspiele beendet, und es wird Zeit, sich anderen Sachen zu widmen. Meine Hände gleiten in die Hosentaschen. Dabei stelle ich fest, dass ich den Brief noch immer an mir trage. Ich glätte ihn sorgfältig und platziere ihn unter der Parkbank. Möge er einem anderen mehr Glück bescheren als mir!
Kurz darauf holt mich die Müdigkeit der vergangenen Tage ein und bricht meine Schlaflosigkeit.
2007-09-26. 11:07:22. 281 words, 1193 views. Categories: Stories, Eine unbedeutsame Erzählung ,
Eine unbedeutsame Erzählung I
It's been some time that I wanted to write something up... It's not the ideas or motivation that are missing, it's mostly the time. So I'll try to put something together over time, and I'll just see where the story will take me. Hope you'll enjoy it, and as usual, comments are warmly welcome!
Ich streife durch die lauwarmen Strassen im Halbdunkel einer frühen Sommernacht, der ersten dieses unbedeutsamen Jahres. Hin und wieder packt es mich, dieses fast vergessene Kribbeln in der Magengegend, und ich ziehe los, ohne Ziel, ohne Erwartungen. Gedankenfetzen kreisen in meinem Kopf, doch ich versuche sie zu ignorieren und mich meinem Streifzug voll und ganz zu widmen. Schon bald wird er als nur noch als farblose Erinnerung in meinem Gedächtnis spuken, wenn überhaupt... Dass man in der Trostlosigkeit einer Grossstadt nach Mitternacht seine aufgebrauchten Energien regenerieren kann ist mir erst seit geraumer Zeit bewusst.
Was mich an der Dunkelheit fasziniert ist schwierig zu verstehen und unmöglich zu erklären. Es ist weniger die Abwesenheit von Licht als die Grenzen, welches durch sein spärliches Vorkommen erschaffen werden, die mich reizen. Dabei bin ich nicht unbedingt ein kontrastreicher Mensch. So lautet zumindest meine vorläufige Diagnose.
Eine trockene Brise streif mir durchs Gesicht, geschwängert durch den modrig-faulen Geruch der durch die sickernden Mülltonnen abgesondert wird. Sich in einer solchen Situation der Menschheit und des Lebens zu erfreuen bedingt so einiges an gutem Willen. Es gelingt mir trotzdem, auch wenn ich kurz darauf zusammen zucke, weil ich eine hungrige Katze bei ihrem Mitternachtsdinner aufgeschreckt habe. Wir wechseln kurz einen misstrauischen Blick und entfernen uns in entgegengesetzte Richtungen. Sonst sind die Strassen wie leergefegt. Ich weiss nicht, ob mich diese Tatsache beruhigen soll, da man doch annehmen müsste, in solch einer Millionenmetropole auf etwas mehr Gegenverkehr zu stossen. Immerhin höre ich aus einer dunklen Gasse die verzerrten doch bekannten Töne einer Nachrichtenansage, die aus einem offen Fenster vordringen. Darüberhinaus scheinen sich zwei Personen (womöglich im gleichen Zimmer) zu streiten. Schön dass die Welt noch immer existiert, stelle ich fest, und biege in die folgende Seitenstrasse ein.
Immerhin ein neuer Geruch, sieht so aus als ob in dieser Gegend jeder Block seine persönliche Note besitzt. Mir soll's recht sein. Am geschlossenen Kiosk lese ich die Schlagzeilen der Magazine und Zeitschriften. Dabei stelle ich fest dass das einzige was sich an ihnen über die zeit die Namen der betreffenden Personen und Gebiete ändern.
Ich lasse mir gedanklich die Ereignisse der vergangenen Wochen passieren. Ich habe dies in den letzten Tagen bereits mehrmals versucht, komme jedoch immer zum gleichen Schluss: Ich muss hier weg.
2007-09-14. 14:26:50. 451 words, 456 views. Categories: Stories, Eine unbedeutsame Erzählung ,
D'Gespenst Fäertmechnet
This is a Luxembourgish children's story written by my grand-mother Carmen Colbett. She is probably the first one of our family to make it into the school books, as some of her stories, that she originally had written for her grand-children, were published in the Luxembourgish reading book (Lies a Fléi) for the 3 and 4 grade. In her honor, I want to share my favourite story with you, eventhough it's in Luxembourgish (maybe I'll translate it someday):
Ganz do uewen am Éislek, op enger riegrousser Buerg, huet viru laanger, laagner Zäit e Gespenst gewunnt. Et huet an engem héijen Tur gehaust, wou d'Flierdermais uewen an den Dunnen hongen, a wou d'Eilen an d'Uhuen ënnert dem muerschen Daach hir Näschter haten. Ënnen an der Buerg, déi scho bal ganz verfall war, huet nach den ale Ritter Lanzentunn mat senger Fra Edelgréit gewunnt. Si haten nach eng Mod an e Kniecht, déi hinnen d'Aarbecht gemaach hunn. Soss war wäit a breet kee Mensch. Well déi al Buerg huet esou onheemlech ausgesin, datt jiddereen e groussen Ëmwee gemaach huet, fir net missen derlaanscht ze goen. Allnuets, wann d'Geeschterstonn geschloen huet, dann huet d'Gespenst Fäertmechnet säi laangen, wäisse Läpp iwwert sech gezunn an eng déck eise Kette ronderëm säi Bauch gestréckt. Dann ass et mat vill Gerabbels a vill Kaméidi duerch d'Buerg gegeeschtert. Mee et war e ganz gelungent Gespenst! Amplaz d'Leit ze erschrecken, huet hatt selwer gefaart, an et war ëmmer ganz frou, wann d'Geeschterstonn endlech eriwwer war. Dann ass et nees séier d'Trap vu sengem Tur eropgejauft, an et huet ëmmer hannert sech gekuckt, ob keen him nokéim. Bal huet et sech selwer an säi laange Läpp getrëppelt, bal ass et iwwert seng Kette getrollt.
Et ass net een Owend d'Trap eropkomm, ouni datt et hei an do Bëlzen a blo Plazen hat. De Ritter Lanzentunn an d'Edelgréit hunn hiert Hausgespenst souwisou net méi gefaart, dofir hunn s'et scho vill ze laang kannt. Mee dem Kniecht an der Mod war et ni ganz eendunn, wann si nuets dem Fäertmechnet säi Spektakel héiren hunn. Hei, eemol owes, et war Vollmound, d'Fliedermais si wéi kloerose ronderëm den Tur geflitzt, an d'Eilen an d'Uhuen hu gejault, datt et engem duerch Muerch a Schank gaangen ass, De Ritter Lanzentunn louch ewell a sengem Bett, mee en hat esou ee fierchtelechen Duuscht, dass en einfach net schlofe konnt.
"Hee, Kniecht, komm emol eran", esou bierelt en dunn, "géi an de Keller a bréng mer e Krou Wäin erop!"
De Kniecht huet alt an säi Baart gegrommelt a geflucht, mee en huet sengem Här jo missen follegen. En huet eng déck Käerz ugefaang, deen eidele Krou erwëscht an sech op de Wee gemaach. "Hoffentlech ass dat eeklegt Gespenst net am Keller", esou duecht en alt, wéi en d'Trap ofgaang ass. Well et war schonn un der Gespensterstonn. E lauschtert: "War war dat do? Huet do net eppes ewéi eng Kette gerabbelt? Ass do elo net esou eppes Wäisses ëm den Eck gehuscht?" Lues geet e virun, bis bei dat grousst Wäifaass.
Wat hien net wousst, just hannert dem Faass hat d'Fäertmechnet sech verstoppt. Net fir de Kniecht fäerten ze doen, mee well hatt och duuschtereg war. Et wollt oppassen, wéi de Kniecht de Kruss vum Faass opmecht, an sech dann och eng Schlupp Wäin huelen. De Kniecht huet vun Angscht geziddert, an et ass méi Wäin op de Buedem gelaf wéi an säi Krou, mee op eemol hat hien en awer voll.
Dem Gespenst ass d'Zäit laang gin, an et huet sech opgeriicht, fir ze kucken, ob de Kniecht da bal fäerdeg wier. Am selwechten Ament huet och den Kniecht sech gehuewen. Du konnt deen sech net méi beweege vu lauter Schreck. D'Hoer stungen him zu Bierg, d'Schudderenge sinn em de Réck erop- an erofgelaf, an seng Zänn hu geklabbert wéi eng al Wandmillen.
"Fäert mech net, fäert mech net", esou huet ^d'Gespenst mat senger déiwer Stëmm gehurelt, "ech doen dir näischt, wann s du mir näischt dees, ech sinn och duuschtereg, gëff mer eng Schlupp Wäin!" An iwwerdeems rappt et dem Kniecht de Krou aus dem Grapp an drënkt en an engem Zock aus. A schwuppdeg ass et verschwonnen! De Kniecht reift sech d'Aen, rëselt de Kapp, an nodeems en sech nees erkritt huet, fëllt en de Krou frësch a mécht sech séier d'Trap op bei säin Här. Mee d'Fäertmechnet hat esou séier dee ville Wäin gedronk, an et ass èemmer méi lëschteg an iwwermiddeg ginn.
"A wat kanns de dann elo nach stiichten?", esou huet et iwwerluecht. "Elo gëtt d'edelgréit emol erschrecken gedoen!" An du trëppelt et duech dee laange Gank, d'Biedem hu gekréckelt, an et hat och nach den Hick, datt d'Maueren all Kéier gewackelt hunn, wann et gehickt huet. Et mécht lued dem Edelgréit seng Kummerdier op, déi fierchterlech gejiipst huet. D'Edelgréit war schonns ural, et war stackdaf, a souwisou huet et scho fest geschlof a geschnaarcht.
D'Fäertmechtnet huet et un de Féiss gekëddelt an un der Nues, et huet mat senger Kette gerabbelt an hu-hu-hu gejaut, mee d'Edelgréit ass net erwächt an huet viru geschnaarcht ewéi eng Drummsee. D'Fäertmechnet ass däers op eemol midd ginn, an hduerch dee ville Wäin och schléifreg.
"Elo lees de dech einfach bei d'Edelgréit an d'Bett, et dauert jo nach eng Zäitchen, bis d'Geeschterstonn eriwer ass", esou huet et geduecht an et ass bei d'Edelgréit ënnert d'
ecke geschlach. Ei, wat war et do gutt warem! D'Ae sinn dem Fäertmechnet zougefall, an op eemol war et fest entschlof. Et ass Muerge ginn, an d'Sonn huet duerch d'Fënsteren erageliicht. Hei erwächt d'Edelgréit, reift sech d'Aen a gesäit d'Gespenst niewent sech leien.
Du deet et Kreesch, datt d'Fäertmechnet an d'héi Luucht gefuer ass, a gläich drop war et verschwonnen, wéi a Loft opgeléist. Vun deem Dag gouf d'Gespenst Fäertmechnet ni méi an der Buerg gesinn! Well wann e Gespent nach iwwert d'Geeschterstonn eraus säin Onwiesem dreift, da léist et sech a Loft op, an et ass net méi do!
2007-07-30. 21:12:51. 1170 words, 283 views. Categories: Stories ,
No title
2007-06-25. 10:39:27. 159 words, 136 views. Categories: Stories ,
Ohne Titel
Something I wrote during my trip yesterday:
Die Schlacken schmiegen sich sanft an die getrockneten Körperausscheindungen, die auf diesen trostlosen Stahlschienen einsam und grau vor sich hin kompostieren. Trübe Wolken über der Hauptstadt. Eine sanfte Musik vermischt sich im Hintergrund mit dem monotonen Pfeifen das aus den Lautsprechern ertönt und unerträglicher wohl nur für eine Fledermaus sein könnte. Hin und wieder ein nervöses Auflachen des Nachbarn, resignierende Blicke. Nicht einmal des Tages letzer Sonnenstrahl trifft auf Wertschätzung in dieser Hölle. Sein Licht bricht sich in einem langsam kullernden Regentropfen, der mich auf der Innenseite des grosszügigen Panorama Fensters mit einer bezaubernden Kontinuität anpirscht. Strom, Stein und Stahl. Das Holz passt nicht dazu. Es wirkt wie ein knorpeliges Urzeit Gerippe auf tönernem Fuss. Wieviele Wolken kann ein Mensch innerhalb seines einzigen Lebens zählen. Wo beginnt der Weg, Zieleingabe nicht erforderlich. Nullen und Einsen füllen mit ihrer binären Zuverlässigkeit das magnetische Gebilde meines Hirns. Geduld ist für jene die wissen worauf sie warten. Geklonte Tannenzipfel verschmieren sich im dämmernden Zwielicht mit dem schmutzigen Horizont. Keine Beleuchtung, schlimmer, nichts was sich lohnen würde zu beleuchten. Stillstand, neue Gesichter, keineswegs freundlicher als die scheidenden, na dann. Blos graue Anzüge mit Koffer Anhang. Und ein gekünsteltes Blumenbeet mit Geranien die sich an flackernden Kunstlicht Röhren nähren. Endlose Urbanmauern, beschmiert, jeglicher Kontrast verschwindet in der Einsamkeit. Rauchende Industrieschloten die sich selbst verschlingen. Gleich dem Pfeil bin ich blos auf Durchreise, geklaut aber zutreffend.
2007-06-12. 13:08:11. 260 words, 139 views. Categories: Stories ,
Die Machtfrage
Link: http://www.zeit.de/2007/09/Titel-Martenstein
Harald Martenstein ringt mit einem gestörten Kater
Der alte, schwarze Kater, den ich vor einiger Zeit von meiner verstorbenen Alt-68er-Tante geerbt habe, ist irgendwie gestört. Als sie jung war, hat meine Tante übrigens ähnlich gut ausgesehen wie Uschi Obermaier. Sie besaß ein erweitertes Bewusstsein und die Platten von Bob Dylan, rauchte Gott weiß was und trug Blumen im Haar. Dies alles aber hat den Kater nicht davor bewahrt, gestört zu werden. Purple haze is in his brain.
Der Kater kann zum Beispiel nur schlafen, wenn sein Schlafplatz der höchste Punkt im Raum ist und wenn er seinen Blick von oben über die Wohnung schweifen lassen kann wie der König der Löwen auf seinem Felsen. Wenn er nicht am höchsten Punkt des Raumes liegen kann, wandert er die ganze Nacht heiser schreiend und mit glühenden Augen in der Wohnung umher wie Behemoth. Ich nehme an, er fühlt sich nur ganz weit oben sicher vor den anderen, jüngeren Katern. Ich kenne dieses Gefühl. Oder es hat gesellschaftliche Ursachen. Wir haben ihm überall in der Wohnung Katzenkörbe mit Polsterung angeboten, er aber hat sie auf seine gestörte Weise verschmäht und wollte in das Wohnzimmer, wo das Bücherregal steht.
More:
2007-02-23. 09:41:57. 211 words, 735 views. Categories: Stories ,
CAPTURING THE UNICORN
Link: http://www.newyorker.com/fact/content/articles/050411fa_fact
2007-02-16. 07:24:38. 311 words, 717 views. Categories: Stories ,
Den Titel muss en anren schreiwen 2.-9.9.06 - Meschers Story
(L)Moies um 15 op 9 sin de Charel an ech aus der Bretagne fortgefuer. Deck stolz mer seng Ofkierzung ze weisen, as de Charel mol spontan e riesen Emwee gefuer. Mir sin iwer Larochelle komm, an haten net geduecht datt dat guer net sou vill um Wee géif leien wéi et op der Landkaart ausgesin huet. Auserhengert si mer no enger lager Rees dann do am Haafen ukomm, an hu verzweifelt no engem Restaurant gesicht dee duerchgehen ophat. De Service war dunn och mega lues. Mir hun iwert eng Stonn insgesamt geward (Rechnung, Iesse, Menükaart...) fir dann 10 min lang schnell saat ze gin. Opallefall hu mer lo bessi Retard a mir hoffen net ze spéit ze kommen, well mer jo schliesslech mat der Madame Rendez-vous haaten.
Zu Larochelle war eng Hochzeit an déi wou bestued gi sin sin an engem städtesche Bus gefuer wou drop stung Vive les mariés. De Charel fënt dat sou wichteg datt mer et hu missen opschreiwen. (C)Jo well de Juju (37) ass schliesslech bestued gin. -ech man lo verleumdungen- Also fir aus Larochelle eraus ass et bessi méi schnell gang gottseidank. Et waren nawell vill Blëtzer an Police Kontrollen ënnerwee! Ech wollt nach puer Bopi'en vun der Stroos schéissen déi mat 30 gefuer sin an da spontan ouni Winker stoë bliwen sin, mee d'Line huet mech net geloos. Souvill Spass muss dach wuel nach erlabt sin! Mir hu verzweifelt probéiert der Madame unzeruffen, mee sin natiirlech hu mer d'Nummer net erem fonnt, déi loung hannen an der Mall am Gewulls... Mëttlerweil hate mer e Retard vun zirka 45 min. Zum Schluss zwëscht deene Dierfer war et bessi gerenns, mee abemol an der Pampa hu mer e Schëld mat Allée des Merles gesin. Naja Allée géif ech et jo net onbedengt nennen, éischter e Bëschwee oder nach besser en Déirenpued bei deem een bei bessi Reen net méi aus dem Schlamm kéim ouni Vitaro. Mir sin mol trotzdem duerchgerannt, an nodeems mer puer Waldwanderer um Kühler pechen haaten stounge mer endlech virum Schëld Chalet des Dunes. Alles war emzäunt, wéi een sech nun eemol sou en Haus matzen am Besch firstellt, an réischt no zweemol schellen, eemol de ganze Wee eropanerof laafen, bal beim falschen Monsieur schellen an ronnerem déi ganz Propirétéit rennen hu mer d'Madamm du schlussendlech dach nach fonnt. Mir waren glat eng Stonn ze spéit mee dat huet si net sou tragesch fonnt well si net op d'Auer gekuckt hat an iwerzeegt war mir wären eng Stonn méi fréi. D'Haus ass einfach den Hummer.
D'Madamm schengt och ganz an der Rei, zumindest op den éischten Bleck. Hei ronnerem laafen och nach e Pärd, en Hond an puer Katzen, ausserdem lieft d'Madamm an enger Haus verstoppt hannert dem verlountenen Chalet. Platz ass genial, d'Vue ass nach besser! Nom Rundgang hu mer eis Tonnen Kreppeng erageschleeft an eis ageriicht. Du si mer nach schnell op Meschers gedüst fir akaafen ze gon. De Super Marché hat bis 7 op... Um véirel fir 7 hu mer gemierkt datt mer zu St. Georges de Didonne waren an net zu Meschers... Also 180° Kéier an och wirklech op Meschers fueren... No puer Tier am Rond-Point hu mer et du fonnt an hun am Akkord zu 2 parallel nach mé Kreppeng kaaf. Nodeems mer deen dunn och aus dem Auto an am Haus haaten, hu mer ugefaang Spaghetti ze kachen. Wat ech mëttlerweil gemierkt hat: Mir hun hei Wifi! Kaum ze gleewen, matzen an der Pampa, no 14 Deeg an der Bretagne apparement an der Zivilisatioun wou keen WLAN hat, an hei eng tiptop Verbindung... Wat besseres kann et gin... D'Unzuel vun de Leit an der Gite ass proportionel mat der Dichte vun der Spaghetti Zoos gewuess. D'Fabienne war neemlech endlech do, nodeems hat puer telefonesch Uweisungen kritt hat well et geduecht hat et briecht keng Adress opzeschreiwen well Frankräich jo schliesslech net sou grouss ass. Nodeems och hat säi Kreppeng ausgepaak hat sin och de Max F an d'Lisa aus sengem Auto erausgetrollt.
2006-11-17. 11:50:54. 3812 words, 1106 views. Categories: Stories ,
The Auvergne Story - ein Bericht
Fir d'Trixy, d'Fabienne, d'Lisa an de Marc
Dëst ass d'Geschicht vun eisem (Marc Wiseler, Trixy Feider, Lisa Klemann a Charel Betz) Trip 2003 an d'Auvergne. Mir haate geplangt e relaxen Wandertour 10 Deeg lang laanscht Vulkaner an duerch Naturreservaten ze man. Wat mir dee Moment nach net wossten: Dëst war de wärmsten Summer vum Jorhonnert, an d'Auvergne war dobäi och nach eng vun de wärmsten Regiounen am Frankräich. Usprünglech sollt d'Fabienne Becker och mat goën, weenst Differenzen mat sengen Eltren huet hat awer net dierfen an dofir sin ech op d'Idee komm dat ganzt ze dokumentéiren. Doropshin hu mer déi nächst Joër'en ëmmer erem sou Story'en geschriwen, dëst ass also just den Ufank vun enger ganzer Rei Storien. Mir hun dëst zu 4 geschriwen, meeschtens ass et aus dem Context ersiichtleg ween wat geschriwen huet.
2006-07-02. 20:37:45. 9054 words, 6084 views. Categories: Stories ,